75 Hënn trieden an der TV-Show géinteneen un a mussen zesumme mat hire Meeschteren an engem Hindernisparcours weisen, wat se kënnen.

Déi meescht vun eis, déi e Mupp doheem hunn, si frou, wann hire véierbeenege Kumpan dat klengt Honds-ABC drop huet. Sief et "Sëtz", "Platz" oder „Gëff Patt". Ma et ginn awer Hënn, déi sinn esou trainéiert, dass se quasi all Wuert vun hirem Meeschter verstinn an och ëmsetzen.

Op der däitscher Tëlee gëtt et dofir zanter leschtem Joer d'Show „Top Dog". An do ass grad e Lëtzebuerger mat sengem Border Collie ganz vir mat dobäi. De Mike Peter a säin Hond de Limit wollten et wëssen a hu sech fir déi zweet Staffel vun der beléifter Tëleesemissioun ugemellt. Dobäi hate si vun Ufank u keng schlecht Chancen, net fir näischt sinn déi zwee nämlech no jorelaangem Training 2019 Vize-Weltmeeschter am Agility ginn. An dat hëlleft engem vill bei der Sendung, wou et och ëm Schnellegkeet geet. Nom 1. Duerchlaf ware si dann op der zweeter Plaz a konnte sech am direkten Duell géint de Gewënner vum leschte Joer duerchsetzen an domadder heescht et elo fir si waarden an trainéieren op déi grouss Finall den 29. Juli.