Richteg vill Nowuess am Déierepark: Zanter dem Ufank vun der Saison 2022 gouf et eng ganz Rei Gebuerten zu Sainte-Croix - an et ginn nach Dosenden erwaart!

Am Biere-Beräich kruten d'Fleeger viru véier Méint zwee kleng Biere-Meedercher fir ze versuerge bäi. D'Arizona an d'Montana wuessen immens séier an entdecken hiert Revéier mat groussem Enthusiasmus.

RTL

D'Airzona an d'Montana / © Parc Animalier de Sainte-Croix

Den 18. Mee konnt sech d'Luchs-Weibchen Feyja dann iwwer dräi Klenger freeën. Déi kleng Luchse sinn eng gutt Noriicht fir den Déierepark, vue datt de Park mat den Nordluchsen d'Bewosstsinn fir d'Erhale vun de lokale wëllen Déiere wëll schäerfen. D'Kätzercher géing elo ëmmer méi selbststänneg ginn an hire Park ënnert den Ae vun hirer opmierksamer Mamm entdecken.

RTL

Déi kleng Luchsen / © Jean Michel Frechin

An och bei der gréisster Hirschaart vun der Welt koum et dëst Joer zu engem éischter ongewéinlechen Evenement: D'Europäesch Elchen, déi 2018 zu Sainte-Croix ukomm sinn, hunn dem Park 2022 mat der Gebuert vun zwee klengen Elchen e schéine Kaddo gemaach.

RTL

Déi kleng Elchen / © Parc Animalier de Sainte-Croix

Ma domat ass awer nach net Schluss: Dëse Summer ginn am Déierepark zu Sainte-Croix nach weider Gebuerten erwaart. Déi wichtegst Aarten, déi dëst Joer gebuer solle ginn, sinn: Muffelen, Schwaarzbieren, Rendéier, Elchen, Luchsen, Murmeldéieren, Präriehënn, Hirschen, Zwerggeessen, Wëll Schwäin...