19 vun de massiven Déiere goufe vu Südafrika aus an den Zinave-Nationalpark am Süde vum Mosambik bruecht, mellt d'Déiereschutzorganisatioun Peace Parks.

Déi 1.600 Kilometer laang Streck ass der Organisatioun no déi längst Distanz, iwwer déi jeemools Nashörner iwwer Strooss transportéiert goufen.

D'Bestänn vun den Déieren am 4.000 Quadratkilometer groussen Nationalpark ware wärend dem Biergerkrich 1992 an duerch Wëlderei massiv zréckgaangen. Zanter 2015 goufe schonn 2.400 Déiere vu 14 verschiddenen Aarten an den Zinave-Nationalpark bruecht.

Den Nationalpark ass vun elo un, deen eenzegen am Mosambik, an deem déi "Big Five" ze gesi sinn: Léiwen, Leoparden, Elefanten, Büffelen an Nashörner. Esou kann den Zinave-Park als neit an opreegend Touristenzil agefouert ginn, heescht et vum Leeder vun der Peace Parks Foundation.

D'Nashörner sollen am Nationalpark duerch eng Partie Sécherheetsmesurë viru méigleche Jeeër geschützt ginn.