Dem Berliner Déierepark no goufe souwuel de Willi, wéi och seng Schwëster Kiara wéinst enger Feelstellung vum Knéi ageschléifert.

Den éischten Tiger gouf schonns den 12. Juli ageschléifert, wougéint den zweeten Tiger en Donneschdeg ageschléifert gouf. IRM-Ënnersichungen haten eng extrem Verschlechterung vun der Feelstellung vum Knéi ausgemaach, soudatt een d'Konklusioun geholl huet, datt een den Tiger aschléifere misst. De Betréier no wier de Willi, esou den Numm vum zweeten Tiger, uerger Péng ausgesat, déi sech iwwert Zäit nach verschlechtere géif. Et hätt een deemno keen anere Choix gehat.

D'Kiara an de Willi gehéieren zu den Tiger-Véierlingen, déi 2018 am Déierepark gebuer goufen. D'Geschwëster goufen alleguer mat dëser Feelstellung gebuer, soudatt een de Risk lafe géif, datt déi aner Tigeren och nach ageschléifert kéinte ginn. D'Ursaach fir dës Feelstellung leit iwwerdeems beim Papp. Dësen hat eng genetesch Erkrankung, déi dës Feelstellung bei senge Kanner ausgeléist huet.