Net seele ginn d'Pompjeeë wéinst enger Kaz op engem Bam geruff. Dës Kéier war et allerdéngs en Hond op engem Daach.

E Mëttwoch hunn d'Stater Pompjeeën an der Mëttesstonn um Belair missen intervenéieren, well en Hond op engem Virdaach vun engem Penthaus stoung. D'Secouristen hunn d'Déierche mat Hëllef vun enger Dréileeder gerett an a Sécherheet bruecht. Fir ze verhënneren, dass sech den Hond blesséiert, gouf eng Baatsch um Buedem gespaant. Schlussendlech gouf d'Fellnues nees zeréck mat de véier Patten op de Buedem bruecht.