En Happy End gouf et fir de Véierbeener Mili, deen agespaart an engem Container eng richteg Odyssee erlieft huet.

40 Deeg huet d'Fellnues an engem Container verbruecht, ouni Iessen an ouni Waasser. D'Hallschent vun der Zäit goung et iwwert den Atlantik, vu Spuenien a Richtung Panama City. Ugefaangen huet d'Odyssee Mëtt Dezember 2021, wou de Container, an deem den Hond iwwert ee Mount dran agespaart war, Algésiras verlooss huet. 20 Deeg méi spéit gouf de Container, vun deem d'Aarbechter ausgaange sinn, datt en eidel wier, op engem Terminal zu Colón (Panama) ofgelueden.

Bal 3 Woche méi spéit hunn d'Aarbechter de Container eréischt opgemaach an eppes entdeckt, mat deem si ni am Liewe gerechent hätten. E liewegen, klengen Hond am Alter vun ongeféier engem Joer, hongreg an dehydratéiert. Net méi wéi véier Kilo huet d'Mili deen Ament gewien.

Wéi de Mupp de Wee an de Container fonnt huet, ass net gewosst. Wat awer sécher ass: d'Geschicht vum Mili gläicht engem Wonner. Wéi kann en Déier, dat 40 Deeg laang an engem Container gefaange war, ouni Waasser, ouni Iessen, iwwerliewen? "De Container war op enger Plaz korrodéiert. Et gouf festgestallt, dass do e klengt Lach war. Mir hunn ugeholl, dass hatt mat senger Patt e klengt Lach opgemaach huet, duerch dat hatt Reewaasser opgeholl huet", erkläert d'Cecilia de Escobar vun der nationaler Direktioun fir Déieregesondheet vum Ministère fir landwirtschaftlech Entwécklung.

RTL

© AFP/Luis ACOSTA

Well et e Wonner ass, dass dat klengt Déierchen ënnert deene Bedéngungen iwwerlieft huet, gouf et Milagros ("Wonner" op Spuenesch) genannt, säi Spëtznumm ass Mili. Fënnef Méint méi spéit weit de Mupp 12,2 Kilo an huet sech vun der Odyssee erholl. An net nëmmen dat. Mëttlerweil schafft de Véierbeener als Spierhond um Fluchhafen Tocumen zu Panama City. Do geet d'Mili op d'Sich no frësche Liewensmëttel am Gepäck vu Reesender. An dat kann hatt richteg gutt. No enger Woch huet hatt Som, Uebst a Charcuterie erschnoffelt an erfëllt déi véier Eegenschaften, déi en Hond muss hunn, fir sech der Brigad unzeschléissen: hatt ass frëndlech, léiert séier, ass verspillt an huet e gudden Appetit, erkläert säin Trainer Edgardo Aguirre. Eng geféierlech an ustrengend Aventure, déi sech schlussendlech fir d'Fellnues Milagros ausbezuelt huet.

RTL

© AFP/Luis ACOSTA