Den Elefant géif 7 Eegenaarte vu wäissen Elefanten opweisen. Nieft dem wäisse Pelz wieren dat e laange Schwanz souwéi Aen, déi wéi Pärelen ausgesinn.

Lokale Medien no wier den Elefant am Juni 2022 westlech vun der Stad Rakhine op d'Welt komm. Hie wier 70 Zentimeter grouss an hie géif 80 Kilogramm op d'Wo bréngen.

An der südostasiatescher Kultur gi wäiss Elefanten als Glécksbrénger ugesinn. Fréier war et op dëse Plaze vum asiatesche Kontinent üblech, datt déi lokal Autoritéiten esouvill wäiss Elefante wéi nëmme méiglech kaaft hunn, fir d'Gléck iwwert d'Vollek ze bréngen.