Dat weltbekannte Koralleriff soll sech den Experten no méi séier erhuele wéi ufangs ugeholl. Virun allem eng ganz spezifesch Korallenaart erhëlt sech gutt.

D'Bestänn vun de Steen-Koralle vum Typ Acropora solle sech mëttlerweil op engem Niveau si wéi viru 36 Joer. Domadder hätt een net gerechent, heescht et an engem Schreiwes vum australeschen Institut fir Miereswëssenschaften. Allerdéngs dierft een net ze optimistesch ginn. Esou misst sech d'Flora an d'Fauna virun allem am südlechen Deel vum Riff nach erhuelen. Op dësem 2.300 Kilometer laangem Deel géifen et nach vill Planzen an Déiere ginn, déi vum Ausstierwe bedreet wieren.

D'Great Barrier Reef ass ee vun de gréisste Biotopen op der Welt. Am Ganze liewen am Koralleriff iwwer 400 Korallen-Zorten, 1.500 Fësch-Aarten an iwwer 4.000 aner Organismen. D'Erhale vun der Biodiversitéit an domadder vum Riff, wier e Projet dee jiddwereen ugoe géif, esou heescht aus dem Schreiwes.