Et ass fir d'éischt, datt am Stuttgarter Zoo Geparden op d'Welt komm sinn. Ganzer 55 Joer huet een zu Stuttgart dorobber gewaart.

Zanter 1967 ginn et Geparden am Stuttgarter Zoo, mä Nowuess ass et bis ewell nach net ginn. Den Direkter vun der Zoologie, de Volker Grün, vergläicht d'Gebuert vun de Fënneflingen dofir mat engem "Fënnefter" am Lotto.

Geparden gehéieren zu deenen Déierenaarten, déi akut vum Ausstierwe menacéiert sinn. Am Ganze géifen et nëmmen nach 7.500 Geparden op der Welt ginn. Domadder wieren d'Geparde méi seelen, wéi Léiwen oder Leoparden.