Passend fir d'Vakanze-Saison sonnt sech eng Walross-Damm op Booter am Fjord vun Oslo. Dës sinn hirem Gewiicht vu 600 Kilogramm awer dacks net gewuess.

Nom Iesse verdauen an ausrouen: Dat léisst sech de Walross Freya net zwee Mol soen. Ma bei sengem Wonsch no Erhuelung schéngen dem Freya d'Konsequenze relativ egal ze sinn. Op der Sich no enger Plaz, wou d'Walross-Damm sech ausroue kann, leet d'Freya sech gäre mol op e Schlauchboot oder aner kleng Booter. Dës sinn dem Gewiicht vu ronn 600 Kilogramm allerdéngs meeschtens net gewuess a knécksen ënnert der Laascht vum Walross an. Wéi vill Booter d'Freya scho beschiedegt huet, kann d'norwegesch Fëschereidirektioun, déi d'Déier op senger Tour iwwerwaacht, net genee soen.

Ma och wann de Walross vill Bootsbesëtzer rose mécht, ass d'Freya mat senge Pause weltwäit bekannt ginn: E Video op TikTok vum Déier krut iwwer 160.000 Likes a gouf e puer Dausend Mol gedeelt.

Der Veterinärin Kathrine Ryeng vum norwegeschen Institut fir Mieresfuerschung no erënneren d'Booter d'Freya un Äisschollen, wéi a senger Heemecht, dem arkteschen Norden. Mä obwuel et normal fir jonk Walrossen ass, hier Häerd ze verloossen an nei Weeër z'entdecken, wier et awer ongewéinlech, datt et d'Freya an de Fjord vun Oslo verschloen huet. De Walross schéngt awer bei gudder Gesondheet ze sinn. Donieft sollen d'Mënschen Ofstand vum Déier halen, da kéim et och net zu geféierleche Situatiounen.
Nei wier d'Reesloscht vum Freya awer net, schonn d'lescht Joer wier d'Walross-Damm an Dänemark, Däitschland, Holland a Groussbritannie gesi ginn. Och do wier hat opgefall, well et sech gesonnt huet.

D'Freya ze verdreiwen, kënnt fir d'Fëschereidirektioun awer net a Fro, och well d'Situatioun relativ entspaant ass.