Dachsen, Fiiss, Réi oder wëll Schwäin, dëst sinn alles Déieren, déi een an onse Bëscher ze gesi kritt. E Känguru dogéint ass éischter en exotesche Gaascht.

En Donneschdeg, de 4. August huet eng Fra op hirem Laf-Tour net schlecht gestaunt, wéi si am Bësch op eemol e Känguru gesinn huet. Wat si fir d'éischt als Illusioun ofgestempelt hat, huet sech e Freideg de 5. August allerdéngs confirméiert. Op hirem Laf-Tour huet si nees de Känguru am Bësch stoe gesinn an dës Kéier esouguer gefilmt.

Lokale Medien no kéint et sech beim Känguru ëm dat Déier handelen, wat am Joer 2018, wou den Zoo an der Äifel vum Héichwaasser betraff war, fortgelaf war. Wann d'Déier net vun enger Privatpersoun fortgelaf wier, da wier dëst déi eenzeg logesch Erklärung, vu wou de Känguru elo hierkomme kéint.

Den Ament wier een nach op der Sich nom Déier, well een et afänken an ënnersiche wéilt. Allerdéngs wier dëst net esou einfach: Kängurue kënnen am Dag bis zu zéng Kilometer lafen. Esou wier d'Sich nom Déier komplizéiert, well et scho längst iwwer Bierg an Dall kéint sinn.