Op d'mannst 150 Geieren, déi virum Ausstierwe stinn, sinn an Afrika vergëft ginn a gestuerwen.

E Freideg goufen am nërdlechen Distrikt Chobe a Botsuana iwwer 50 verstuerwe sougenannten "Weißrückengeier" entdeckt, sou d'Geierschutzorganisatioun Vulpro. Ma schonn en Donneschdeg goufen eng 100 doudeg Geieren am südafrikanesche Krüger-Natonalpark entdeckt. A béide Fäll sinn d'Déiere gestuerwen, well si de Kadaver vun engem vergëfte Büffel gefriess hunn.

Am südlechen Afrika ginn ëmmer nees Geiere vergëft, dacks stieche Braconnieren dohannert. Si wëllen domat verhënneren, dass Geieren, déi am Himmel kreesen, Rangeren op hir Verbriechen opmierksam maachen.

Méi schlëmm ass den Ëmstand, dass d'Geieren de Moment bréien, sou de Vulpro-Grënner Kerri Wolter géintiwwer der AFP. D'Jippelcher kënnen ouni Elteren net iwwerliewen. E puer Déiere goufen amputéiert fonnt. Wéi Netregierungsorganisatioune matdeelen, ginn d'Käpp dacks an der traditioneller Medezin benotzt.
"Weißrückengeier" stinn op der Rouder Lëscht vun de menacéierten Aarte vun der Weltnaturschutzunioun IUCN. Am Juli 2019 goufen a Botsuana iwwer 500 doudeg Geier, déi virum Ausstierwe stinn, entdeckt. Si haten d'Fleesch vun 3 extra dofir ëmbruechten Elefante gefriess.