Net manner wéi 20 Päerd hu sech e Samschdeg beim Centre Culturel Turelbaach zu Mäerzeg getraff.

E Samschdeg, den 13. August 2022 war et erëm esou wäit. No der Annulatioun 2020 an enger zimmlech ofgespeckten Versioun d'lescht Joer kann dëst Joer erëm een "normalen" Tour de Lëtzebuerg um Päerd organiséiert ginn.

Dëst Joer ass et déi 56. Kéier, wou Reider sech op de Wee gemaach hunn, fir onst schéint Ländche kennenzeléieren. Net manner wéi 20 Päerd hu sech e Samschdeg beim Centre Culturel Turelbaach zu Mäerzeg getraff.

Iwwer 6 Deeg geet et fir si duerch d'Land. Am grousse Schratt duerch lëfteg Bëscher, bei guddem Wieder a besseren Temperature wéi ausserhalb vum Bësch geet et iwwer Weeër, déi ons Guidë virdrun erausgesicht hunn.

D’Opreegung ass ëmmer grouss den éischten Dag bei Reider, Päerd an och dem Buedempersonal vun der Organisatioun.

Déi éischt Etapp ass e Samschdeg vu Mäerzeg zeréck op Mäerzeg gaangen. Weider geet et e Sonndeg op Wolz, duerno Munzen, Hëpperdang bis op Huldang, wou en Donneschdeg, den 18. August den Ofschloss ass.