An der Tierkei gouf den 11. August e klengt Biere-Meedchen entdeckt, deem et wuel e bëssen ze gutt gaangen ass.

D'Geschicht mécht op alle Fall elo d'Ronn op de soziale Reseauen. Den zoustännege tierkesche Ministère konnt sech et net verknäifen, de Video ze deelen.

E klenge Bier hat ze vill Hunneg genaschelt, ma net iergendeen Hunneg. Dës séiss Flëssegkeet gëtt an der Tierkei "Deli Bal" genannt oder nach "geckegen Hunneg". Et handelt sech ëm Hunneg, deen och an der traditioneller Medezin benotzt gouf a schonn an der Antik bekannt war. Hautdesdaags ass d'Wierkung vum Hunneg a Vergiessenheet geroden, ma de Bier wäert wuel nach e bëssen drun ze knabberen hunn.

Ëmmerhin ass dësen Hunneg immens gesond: e wierkt géint Stress, Péng, héije Bluttdrock, wierkt heelsam bei Diabetis, reduzéiert Problemer mam Mo oder Migrän, ass aphrodiséierend, ma e suergt awer och fir eng besser Stëmmung. An anere Wierder: e wierkt berauschend an et gëtt een euphoresch.

Dat hänkt natierlech alles vun der Quantitéit of, déi ee konsuméiert. Fir e Mënsch gi 15 Gramm pro Dag recommandéiert. De Bier hat wuel e bësse méi zougegraff an hat dono mat nawell ellenen Nowierkunge ze kämpfen.

Bauere vum tierkeschen Düzce, am Nordweste vum Land, haten dee klenge Bier an engem Hiwwel entdeckt. Do war e scho liicht vu sech. Nodeems si kuerz de Geck gemaach hunn, ob e wuel ze vill vun deem "gudden" Hunneg genaschelt an de Bauch wéi hätt, hu si de Bier, dee si "Balkiz" gedeeft hunn, op e Pick-up gelueden a bei e Veterinär bruecht. Et geet him nees gutt.

Tierkesch Imker produzéieren den "Deli bal" nach ëmmer a klenge Quantitéiten. D'Beie ginn dofir bei enger heemescher Rhododendronaart ugesidelt. Dës Planz produzéiert d'Nervegëft Grayanotoxin.