D'Schicksal vun der Walross-Damm huet Mënschen aus der ganzer Welt beweegt. Elo soll d'Freya eng eege Statu kréien.

Déi eng hunn iwwert de Walross geschmunzelt, deenen anere war d'Déier en Dar am A. E Sonndeg gouf déi 600 Kilo schwéier Walross-Damm ageschléifert. D'Gefor fir d'Mënsche wier, wéi et heescht, ëmmer méi grouss ginn. Fir dem Freya eng lescht Éier ze erweisen, huet en Norweger eng privat Spendenaktioun an d'Liewe geruff. Stand Mëttwoch sinn 21.600 Dollar zesummekomm. Mat där Zomm wëllen Déierefrënn dem Freya en Denkmal bauen. Eng Statu, déi zukünfteg Generatiounen drun erënnere soll, Déieren ze schützen an d'Natur net auszeläschen, wa se am Wee steet, schreift den Erik Holm op der Fundraising-Websäit Spleis.no. Den Doud vum Freya géing de Message weiderginn, "dass Norwegen a besonnesch Oslo net an der Lag sinn, Plaz fir wëll Déieren ze schafen", kritiséiert den Norweger.

Schätzungen no war d'Déier 5 Joer al, wéi et an Norwegen ageschléifert gouf. Do virdru war de Walross a Groussbritannien, Holland, Dänemark a Schweden ënnerwee. Bannent de leschte Wochen ass d'Freya ëmmer nees opgetaucht, huet an den Häfe Sonn getankt a "Schëffer versenken" gespillt. Séier gouf et zu enger Touristenattraktioun. Ëmmer nees si Leit trotz Warnunge bei et an d'Waasser gesprongen oder hu Fotoe vun him gemaach. Den Hype ronderëm d'Freya war sou grouss, dass d'Zeitung "Verdens Gang" esouguer e Livestream op hirer Homepage ugebueden huet, fir d'Walross ze beobachten, wéi et op d'Juegd no enger Int oder engem Schwan gaangen ass.