Mat ale Stammzelle vum Déier an neister Gentechnik wëlle si an deenen nächsten 10 Joer tasmanesch Tigere reproduzéieren a se an der Natur usidelen.

Dëst wier doduerch méiglech, datt australesch an amerikanesch Fuerscher d'Gene vum tasmaneschen Tiger iwwer Joren ewech konservéiert hunn. Dës géife se elo mat Hëllef vun der neister Technologie reproduzéieren a se a Mais implantéieren, déi dem tasmaneschen Tiger genetesch am nooste géife stoen. Domadder kéinten dës Mais, wa si méi grouss ginn, ëmmer méi Eegenschafte vun den tasmaneschen Tigeren opweisen, souwéi och den Nowuess vum tasmaneschen Tiger op d'Welt setzen. Esou wier et méiglech, a relativ kuerzer Zäit sech e "vollwäertegen" tasmaneschen Tiger ze ziichten.

De Projet gëtt virun allem an den internationale Medie ferm kritiséiert. Engersäits gëtt sech gefrot, ob dës Agrëff an d'Gene souwéi an d'Zelle vun den Déieren ethesch vertrietbar sinn. Anerersäits gëtt den enorme Käschtenopwand kritiséiert, deen ee bräicht, fir eng ausgestuerwen Aart nees erëmzebréngen, woubäi zeg aner Aarten den Ament vum Ausstierwe bedreet wieren.

De leschten tasmaneschen Tiger ass an den 1930er Jore verstuerwen. Zanterhier hu vill Mënschen ëmmer nees behaapt, ee gesinn ze hunn, allerdéngs gëlle se an der Wëssenschaft als ausgestuerwen.