D'Gemeng Weilerswist huet e sténkege Problem an de Stroossen an an de Wisen, dowéinst schafft d'Buergermeeschtesch aktuell un enger Léisung.

Esou huet d'Anna-Katharina Horst beim Gemengesyndicat vun Nordrhein-Westfalen ugefrot, ob eng rechtlech Grondlag geschaaft kéint ginn, datt et méiglech ass, fir DNA-Prouwe vun Hënn ze huelen. Esou kéint ee séier erausfannen, wéi ee Koup vu wéi engem Hond ass an d'Besëtzer vum Déier an d'Verantwortung huelen.

Wéi d'Horst an engem Interview sot, wieren och schonn aner Gemengen un dëser Léisung interesséiert. "Et ass eng Tatsaach, datt et verschidde Muppebesëtzer gëtt, déi hirer Flicht, de Koup vun hirem Hond ewechzemaachen, net nokommen."

An der 17.500-Séile-Gemeng sinn 1.586 Hënn enregistréiert. An obwuel d'Leit u sech de Kacka vun hiren Hënn missten oprafen, leien ëmmer nees Kéip an der Stroossen, Wisen, um Kierfecht oder op Spillplazen.

Net jidderee reagéiert positiv op d'Propos vun der Gemengemamm, ma déi meeschte Leit wieren awer dofir. D'Zil wier et, den Hondskacka vun de Stroossen an aus de Wisen ze kréien an net, fir d'Kees vun der Gemeng ze fëllen, esou d'Horst. Dëse Schratt soll als Ofschreckung déngen.