Am Naturhistoresche Musée zu Genève goufen et direkt zwee Grënn ze feieren.

D'Deckelsmouk Janus, déi eelste Schildkröt weltwäit mat zwee Käpp, ass 25 Joer al ginn. A fräier Natur wier de Janus, deen no engem réimesche Gott benannt gouf, warscheinlech net sou al ginn, heescht et vum Responsabel vum Naturhistoresche Musée zu Genève. Ënnert dem Panzer wier nämlech net genuch Plaz fir béid Käpp, huet den Arnaud Maeder erkläert. Dowéinst kéint d'Deckelsmouk relativ séier vun aneren Déiere gefriess ginn. De Janus huet net nëmmen zwee Käpp, ma och zwee Häerzen, zwee Puer Longeflilleken an zwee Mee. Ma och a Gefaangenschaft wier de stolzen Alter vu 25 Joer fir eng Deckelsmouk mat esou enger Anomalie éischter aussergewéinlech, huet den Arnaud Maeder weider betount.

Säi Liewensowend verbréngt d'Schildkröt weiderhi ganz gemitterlech zu Genève. Zwou Fleegerinne këmmere sech ëm de Reptil. Op der Dagesuerdnung stinn nieft Waasserspaass nach Sport a leckert Iessen. De Janus verbréngt scho säi ganzt Liewen am Naturhistoresche Musée. Eng Privatpersoun hat d'Déier, kuerz nodeems et op der Welt war, dem Musée iwwerlooss, ënnert der Bedéngung, dass gutt no him gekuckt gëtt.