Zu München missten d'Pompjeeën een Hond aus enger onglécklecher Lag befreien: De Mupp war mat sengem Schwanz an enger Rolltrap stieche bliwwen.

Geschitt ass dëst dem Mupp Charlie e Sonndegowend an enger Rolltrap vun enger Metrosstatioun. Passanten hunn doropshin d'Rolltrap gestoppt an d'Pompjeeën alarméiert. Wärend d'Besëtzerin vum Charlie, déi ënner Schock stoung, betreit gouf, konnt de Mupp aus senger mësslecher Situatioun befreit ginn.

Him ass näischt weider geschitt. Nodeems e befreit gouf, konnt de Charlie mat senger Besëtzerin nees heem.

RTL

© Berufsfeuerwehr München