Vun e Sonneg un kënne Kanner an der Serie "Eist Wëllt Lëtzebuerg" op der Tëlee d'Natur fir sech entdecken.

Molche liewen am Mouer, zu Lëtzebuerg ginn et souguer Biber an et gi Beien, déi net am Stack, mee am Buedem liewen. Dat an nach vill aner Saachen hunn de Summer iwwer 15 Kanner am Kader vun der Serie "Eist Wëllt Lëtzebuerg" geléiert. Eng Emissioun, déi vun dësem Sonndeg un op RTL Tëlee leeft. An hei entdecke Kanner zesumme mat Experten d'Natur zu Lëtzebuerg.

Een dovunner war och de 9 Joer alen Eliott. Zesumme mat zwee anere Kanner krut hien en Abléck an d’Natur vum Zentrum vu Lëtzebuerg. Ee lokalen Expert féiert ëmmer dräi Kanner duerch d’Natur a mécht si virun allem op déi kleng Saachen opmierksam.

"Mir ware fir d’éischt bei eng Quell, do hu mir bësse gekuckt wéi eng Déieren an där Quell liewen", fir dat 10 Joer alt Jill war et eng komesch Erfarung op eemol virun der Kamera ze stoen: "Jo heiansdo huet ee Saache misse frësch maachen, da misst een do eppes filmen an do eppes filmen, mee et war awer mega cool."

A wat um Enn dobäi rauskomm ass, do kruten d’Jill an déi aner Kanner schonn d’lescht Woch en éischten Androck. Do huet den Ëmweltministère eng éischte Kéier een Ausschnëtt aus der Serie gewisen. An Zukunft soll all Sonndegowend no de Kannaniuuss eng Episod kommen. Et gi fënnef Folgen aus fënnef Regiounen: Dem Mëllerdall, dem Osten, dem Zentrum, dem Norden an dem Westen. Eng Folleg dauert ongeféier fënnef Minutten. Wien sech méi Zäit huele wëll, ka méi laang Folgen och op Youtube kucken. 

Fir den Eliott, d’Jill an déi aner Kanner ass et um Schluss vun der Presentatioun dann och nach ee Cadeau ginn. Si selwer géifen sech scho freeë wann déi nächst Folgen erauskommen. "Ech kucken si da mat menger ganzer Famill", esou den Eliott.