Den Doud vun der Kinnigin huet dozou bäigedroen, datt de Präis fir hir Liblingshënn geklommen ass. An England muss een elo fir e Corgi 2.795 € bezuelen.

D'Hausdéier-Plattform "Pets4Homes" huet matgedeelt, datt de Präis fir Corgi-Hënn sech bannent dräi Deeg verduebelt huet. Do virdru war de Präis allerdéngs schonn drastesch an d'Luucht gaangen.

Et war weltbekannt, datt d'Queen Elizabeth II. Corgi-Hënn immens gär hat. Esou verwonnert et net, datt d'Queen och selwer Corgi-Hënn geziicht huet. Zanterdeem si fir hiren 18. Gebuertsdag de Corgi "Susan" geschenkt kritt huet, huet d'Queen 63 Corgi-Hënn geziicht.

Am Joer 2018 huet d'Queen dunn opgehalen, Corgi-Hënn ze ziichten. Dëst, well si net wollt hunn, datt d'Hënn no hirem Doud eleng wieren. Ganz ouni e Corgi schéngt et fir d'Queen awer net gaangen ze sinn, soudatt de Prënz Andrew hir am Joer 2021 zwee Corgi-Hënn geschenkt huet. Déi zwee Hënn sinn nom Doud vun der Queen nees zeréck un hie gaangen.