Wann et an de Summerméint schwiereg ass, fir bei den héijen Temperature mam Hond spadséieren ze goen, kann een d'Déier elo op e Lafband setzen.

Dëse Summer hate mir hei am Land zäitweis änlech Problemer, fir mam Hond ze goen, wéi op deene Plazen op dëser Welt, wou et normal ass, datt et alt dacks méi wéi 40 Grad dobausse sinn. Fir Hënn gëtt et bei sou Temperature séier geféierlech, zemol wa se sech ustrengen, och fir hir Patten ass et da méi wéi bedenklech, um gliddege Buedem ze spadséieren.

Do wou et d'Hallschent vum Joer sou waarm wéi zu Dubai oder AbuDhabi ass, ass e gewetzten Hondsfrënd elo op eng schlau Iddi komm, dat mat engem klimatiséierte Sportssall fir Hënn. An de Vereenegten Arabeschen Emirater ass dëst ewell de ganz groussen Trend, den Hond op e Lafband ze setzen, virun allem an de Summerméint, wou et schwiereg ass mam Gassi goen an der Wüüst, esou brauch een da just nach e klengen Tour dobaussen ze maachen, fir datt d'Déier sech propper ka maachen an awer genuch Beweegung hat.