Mëttes um 16 Auer geet et lass an dauert bis Hallefnuecht: 2 Veterinären hunn deen Ament Déngscht.

Een aus dem Süden an deen Zweeten aus dem Norde vum Land.

Tëscht Hallefnuecht a moies 8 Auer ass et eng vun den 2 Déiereklinicken am Land, déi dëse Service assuréiert. Déi eng ass zu Bäreldeng, déi aner zu Beetebuerg. Um Weekend an de Feierdeeg leeft et liicht anescht.

Dësen neien Noutdéngscht fir Hausdéiere soll e bessere Service garantéieren a gläichzäiteg d'Veterinären entlaaschten. Ier ee sech mat sengem Hausdéier elo bei de Veterinär vum Déngscht deplacéiert, soll een deem fir d'éischt uruffen.

An dësem neie Gardesystem fir Hausdéiere wäert all Veterinär eemol de Mount un den Tour kommen.