D'Fana, de wuel eelste Schimpansen-Damm am westafrikanesche Guinea, war 1951 op d'Welt komm.

Wéi de guinäeschen Ëmweltministère op Facebook matgedeelt huet, ass d'Fana eleng gestuerwen. An de leschte Méint hätt d'Afen-Damm Zeeche vun Erschëpfung gewisen. Nodeems den doudege Schimpans den 19. September entdeckt ginn ass, gouf en den Dag drop a Presenz vun de Bewunner vum Duerf Bossou begruewen.

D'Fana huet zu enger Schimpansegrupp gehéiert, déi mat den erstaunleche Fäegkeeten, Geschier ze benotzen, weltbekannt ginn ass. Mam Fana sengem Doud ass de Grupp elo op just nach 6 oder 7 Déiere geschrumpft. D'Hallschent vun hinne si Weibercher, woubäi zwee vun hinne keen Nowuess méi kënne kréien.

De Grupp Schimpanse lieft an engem Bësch an der Géigend vum Duerf Bossou un der Südspëtzt vu Guinea. Wëssenschaftler hunn dës Mënschenafe joerzéngtelaang beobacht. Dobäi si si Zeie ginn, dass d'Schimpansen eng Aart Hummer an Amboss aus Steen benotzt hunn, fir Nëss ze knacken.
D'Fana hat sech bei enger Chutte viru bal 25 Joer schwéier blesséiert an ass zanter laangem net méi op Beem geklotert. D'Schimpansin huet eleng gelieft a gouf an der lescht ëmmer manner mobil.

Fréier hunn zu dësem Grupp ronn 20 Déiere gehéiert. 2003 si 7 vun hinnen un der Gripp gestuerwen.