Nodeems am September zwee Känguruen aus enger Opfangstatioun geflücht sinn, gouf elo ee Känguru dout opfonnt.

Nodeems dräi Wochen nom jonke Mamendéier gesicht gouf, huet d'Sich en tragescht Enn fonnt. D'Déier gouf der Police vum hesseschen Eschwege no vun engem Zuch erfaasst an ass doropshin déidlech verongléckt.

Deemno hätten Aarbechter op der Bunn en Donneschdegmoien de Kadaver vum Déier laanscht der Zuchstreck tëscht Sontra a Wichmannshausen am Werra-Meißner-Krees fonnt.

Iwwerdeems hätt ee keng aner Unzeeche fonnt, datt d'Déier op enger aner Aart a Wéis ëm d'Liewe komm wier.

Dat zweet Känguru konnt kuerz nodeems et ausgebéchst ass nees agefaange ginn. Allerdéngs ass dëst Känguru der Hessenschau no en Donneschdeg schonn erëm fortgelaf. An der Opfangstatioun huet een iwwerdeems wéineg Hoffnung, datt een d'Känguru fir eng zweete Kéier afänke kéint. Dofir wieren an der Regioun ze vill Hënn ënnerwee, esou de Peter Wischnewski, de Besëtzer vun der Statioun.