Den Intereresseveräin vu Kéiber gouf am Joer 1990 gegrënnt mam Zil, d'Kéiber Leit mat verschidden Aktivitéiten iwwert d'Joer ze ënnerhalen.

Fir dëst Joer huet de Comité, eng Randonnée "12 Stonne Kéiber- Wie klappt de Luc um Klapprad" den 17. September organiséiert. Een Deel vun dëser Veranstaltung mat sportlechem Charakter gouf fir ee gudden Zweck gespent.

Viru kuerzem konnt de Scheck vun 1.000 Euro am Festsall vum Kéiber-Veräin mat hirem President Rol Bildgen un déi Responsabel vun der Amicale vun der Schoul fir Assistenzhënn "ASA" iwwerreecht ginn.

Verbonne mat hirem opriichtege Merci fir de schéine Geste, huet d'Nelly Nash d'Vereenegung "ASA" mat hire Projete kuerz virgestallt, déi integral vu Spendegelder finanzéiert gëtt, déi fir d'Ausbildung vun Assistenzhënn gebraucht ginn, fir se da weider ze vermëttelen.

D'Uschaffungskäschte fir een Hond vun der Rass Golden Retriever leie bei iwwer 17.000 Euro.

Zanter hirem Bestoen 2011 konnte scho 60 Hënn ausgebilt a weider vermëttelt ginn, dovunner eleng 10 Hënn nëmmen duerch d'Sammele vu Stëpp. Zanterhier sinn donieft och schonn iwwer 500 Tonnen Plastiksstëpp gesammelt ginn, déi wesentlech zum Finanzement vun dësem Projet bäigedroen hunn.

Besonnesch ervirgehuewe gouf d'Scheckiwwerreechung nach duerch eng praktesch Virféierung vun den Hënn.