D'Antilopen, déi an der Géigend vun Esslingen ausgebrach waren, hunn op hirem Ausfluch e puer Gefierer beschiedegt, dorënner och e Policewon.

E Mataarbechter vum Zirkus hat d'Police alarméiert, nodeems hie bemierkt  hat, dass d'Déiere fortgelaf waren.

Déi éischt Antilop gouf bei engem Ponyhaff zu Denkendorf agefaangen, déi zweet am Uert Berkheim. Béid Antilope goufen net verwonnt.