Den neiséilänneschen Naturschutz ass op der Sich no Eeër vun enger geschützter Albatros-Kolonie. D'Experte ginn net dovun aus, datt et aner Déiere waren.

Bei enger Routine-Kontroll zu Taiaroa Head an Neiséiland hu Mataarbechter vun der Naturschutzagence bemierkt, datt véier Albatros-Eeër feelen. Dat obwuel en Zonk fir de Schutz vun de menacéierte Vulle ronderëm d'Gebitt ass, well dëst déi eenzeg Plaz um Festland ass, op där d'Nërdlech Kinneksalbatrosse bréien.

Wéi et vum Department of Conservatioun (DOC) heescht, soll d'Police eng Enquête lancéiert hunn. Eng Spriecherin vum Naturschutz huet betount, datt d'Kolonie zanter Jore streng kontrolléiert an iwwerwaacht géing ginn. Et wier och komesch, "datt Eeër ouni eng Spuer verschwannen". Dofir sammelt d'Agence "Opname vun Iwwerwaachungskameraen a schwätzt mat Persounen, déi méiglecherweis relevant Informatiounen hunn". Esou ginn d'Experte dovun aus, datt d'Eeër geklaut goufen, vue datt et keng Hiweiser dofir géing ginn, datt se vun Déiere gefriess goufen.

Déi grouss Séivullen, an Neiséiland "Toroa" genannt, si landeswäit menacéiert. Besonnesch de Klimawandel, d'Fëscherei, d'Plastikpollutioun an de Verloscht vun hirem Liewensraum setzen den Albatrossen zou. "Dowéinst sinn all Eeër a Jippelcher wichteg fir d'Populatioun", huet d'Porte-parole erkläert. Vun de Vulle mat enger Fligelspannwäit vun iwwer 3 Meter ginn et den neiséilänneschen Autoritéiten no nëmmen nach ronn 17.000 Exemplairen, déi wäit iwwert de Südlechen Ozean verbreet sinn. De Gros bréit op den neiséilänneschen Chatham-Inselen.