Si kënne Krankheetserreeger richen, Minne scho vu wäitem erkennen a sollen an Zukunft och Mënschen, déi verschott sinn, opspieren hëllefen.

Rieds ass net vu Muppen, mee vu Raten. Am Tansania an am Kambodscha trainéiert eng belsch Organisatioun zanter Jore Rate fir humanitär Asätz. Elo sollen déi horeg Helden och a Gebidder, déi vun Naturkatastrophen zerstéiert goufen, hëllefen.  Wackeleg Brieder, e rutschegen Ënnergrond oder all méiglech aner Obstakelen: Fir esou eng Rat alles kee Probleem. Mat Liichtegkeet manövréiert si sech duerch dTrainingszenarien a fënnt séier déi gesichte Persoun. Bis elo nach just eng Übung fir den Eeschtfall.

Dës Risehamsterrat solle spéiderhin a Gebidder, déi vun Naturkatastrophe betraff sinn, agesat ginn. Wa Leit verschott oder vermësst ginn, sollen hir gutt Nuesen hëllefen. Dëse Projet ass vun der Organisatioun Apopo.

Si kréien dëse Mount 25 Joer a si virun allem bekannt duerch hir Aarbecht a fréiere Krichsgebidder. A Länner wéi Tansania an dem Kambodscha ginn et ëmmer nach Plazen op deene Minnen ze fanne sinn. Eng grouss Gefor fir d’Leit, déi do wunnen. Et ass schwéier d'Minnen ze fannen. De Belsch Bart Weetjens hat dunn d’Iddi Raten anzesetzen. Si sinn esou liicht, dass fir si d’Minne keng Gefor sinn, hunn ee ganz gudde Gerochssënn a loosse sech virun allem ganz gutt trainéieren.

Spéiderhi sinn d’Déieren och dorop trainéiert ginn, fir Tuberkulos ze erkennen. Esou kënne si a Klinicken hëllefen, fir Krankheetserreeger séier ze fannen an den Ustiechungsrisiko méi geréng ze halen.

Den neie Projet, bei deem si Mënschen opspiere sollen, ass awer nach an der Testphas. Fir hir Asätz kréie si kleng Rucksäck un, déi an der Universitéit Eindhoven hiergestallt goufen. Do dran ass eng Kamera, e Mikro an een Hautparleur. D’Zil ass et, dass de Rettungsdéngscht duerch d’Rat mat den Affer kommunizéiere kann.

D’Rat huet zousätzlech ee GPS un, fir dass een ëmmer novollzéie kann, wou si ass. Hir gutt Nues awer och hir Gréisst wäre vu Virdeel fir dës Aufgab. Si kënnt och a kleng Ecker eran a kann esou och Plazen erreechen, déi soss net accessibel wären.