Well e sougenannten Hammerkopf - e Waasservull aus Afrika - gestuerwen ass a positiv op den H5N1-Virus getest gouf, ass de Berliner Zoo elo zou.

Dat huet den Zoo e Freideg matgedeelt. Op Récksprooch mat den zoustännegen Autoritéiten hätt een d'Decisioun geholl, d'Dieren direkt zouzemaachen an donieft all déi aner Villercher a Quarantän ze setzen.

"Quasi all eis Villercher, inklusive eise Pinguinen, goufen antëscht a Volièren, respektiv a Ställ bruecht", sou den Zoologesche Chef vum Zoo an Déierepark Berlin Christian Kern. Zum Gléck géif bis ewell och keen anert Déier Symptomer vun der Krankheet weisen.

Et wéilt een awer sämtlech Vigel nach testen. Zu den direkt concernéierten Aarte gehéieren ënner anerem Storchen, Pelikanen a Krukerten. All d'Mataarbechter géife Schutzkleedung undoen an esou versichen, dass d'Krankheet net iwwergräift. Et géif donieft och eng Risikoanalys gemaach ginn.