Mir hu bei enger Hondstrainerin nogefrot, wéi eng Grënn et kënne fir Trennungsangscht ginn a wat een dogéint maache kann.

Wann ee Mupp eng vu senge Bezuchspersoune verluer huet, oder wann en ze fréi vu senger Mamm getrennt ginn ass oder och nach d’Plënneren an eng aner Wunneng, kënnen Ursaache fir Trennungsangscht sinn. Wann da säi Mënsch fort geet, billen oder huerele vill Muppen. Si versichen esou hire Mënsch zeréckzeruffen. D'Viviane Welsch, Hondstrainerin vun der Martin Rütter DOGS Hondsschoul hei vu Lëtzebuerg:

"Oft setze se sech dann op de Kannapee, op den Dësch, well se do méi héich sinn, well se da mengen, si kéinte dann nach besser "Reichweite" erreechen oder si zerstéieren aus Stress. Entweder d'Viischt Dier gëtt zerstéiert oder Miwwele ginn zerstéiert oder si maache vu Stress an d'Haus. Mee da gëtt et awer och Hënn, déi vun Angscht sech guer net méi beweegen. Déi leie meeschtens da mat Bléck op der Dier oder widder der Dier a waarden einfach, bis dass de Mënsch erëm kënnt an da wann de Mënsch erëm kënnt, si se voller Freed an da gi si sech an hire Kierfche leeën an da schlofe se 3 Stonnen duerch, well se sou midd sinn."

En Hond huet net nëmme Schwieregkeeten, fir eleng ze bleiwen wéinst puerer Trennungsangscht, mee och wéinst Kontrollverloscht.

"Kontrollverloscht ass oft de Fall, wann den Hond ganz vill Decisiounen am Alldag treffe kann: ech decidéieren, wa mir spillen, ech decidéieren, wa mir eraus ginn, ech decidéieren, wann ech geheemelt ginn an dann huet hien dat Gefill, hie wär verantwortlech fir seng Leit an da wann d'Leit d'Haus verloossen, da kann hien net méi op se oppassen a kritt da Stress. An da muss ee schonn am Alldag Strukturen ëmänneren, vun de Mënsch decidéiert méi, den Hond gëtt méi oft ignoréiert, dann eben och "Deckentraining" opgebaut an da lues a lues "Schlüsselreize", op wat reagéiert den Hond schonn an am beschten ass et, dann eng Kamera opriichten, dass ee gesäit, wat den Hond mécht."

Wann de Mupp Géigestänn oder Miwwele futti gemaach huet, wéi hien eleng war, da bréngt et absolut näischt en ze vernennen. Si kënnen nämlech net de Lien maachen tëscht der Roserei vum Mënsch an de futtisse Géigestänn. De Mupp lieft einfach am "hei an elo" an e freet sech, datt säi Mënsch erëm doheem ass. Eeler Hënn oder Hënn aus dem Déiereschutz hunn dacks méi Schwieregkeeten, fir ze léieren, eleng ze bleiwen, wéi d'Welpen.

"D'Leit kréien ee Welpen, da waart een eng, zwou Wochen, bis dass de Welpe mol ukomm ass, well e muss och mol verkraaften, ech si fort vu mengem Doheem, ech si fort vu menge Geschwëster, vu menger Mamm an dann eben och mol eng Kéier Dier zou hannert dem Welpen, mol eng Kéier eraus an d'Poubelle, ech kommen erëm eran. Einfach dass e léiert, datt de Mënsch eng Kéier kuerz fort ass, mee en ass direkt erëm do an lues kleng schrëtteg opbauen. An da kann ee klenge Welpen zimmlech séier léieren a 4 Wochen, ech bleiwen elo mol zwou, dräi Stonnen eleng.

Et kann och virkommen, datt een Hond e bemol Trennungsangscht entwéckelt. Grond dofir kënnen da Situatioune sinn, an deenen den Hond Angscht erlieft huet, wéi bei engem Abroch oder engem Donnerwieder.

Temoignagen

Erfarunge mat Trennungsängscht bei de Véierbeener hunn de Yannick Zuidberg an d'Lisa Burke och gemaach. De Yannick huet säin Hond, de Goofy, vun enger Associatioun, déi Hënn aus Griicheland vermëttelt. Den Ursprong vun dësen Ängschte sinn héchstwarscheinlech vun do.

Temoignage Yannick Zuidberg

Och wann de Goofy mëttlerweil kuerz eleng bleiwe kann, arrangéiert de Yannick et sou, datt ëmmer ee beim Mupp ass.

2 Joer huet et beim Lisa Burke gedauert bis säi Mupp, d'Cara, ee Weimaraner, eleng konnt gelooss ginn.

Temoignage Lisa Burke

Weimaraner sinn, wéi d'Lisa erkläert krut, och bekannt als "Shadow-dogs", dat heescht se wëllen déi ganzen Zäit esou no wéi méiglech bei hirem Meeschter sinn. Hëllef huet d'Lisa bei enger Spezialistin gefrot, déi him geroden huet, Kameraen am Haus z’installéieren. Esou konnt ee gesinn, wéi vill d'Cara gestresst war, wa keen doheem war. Gehollef huet ee Kleedungsstéck mam Lisa sengem Geroch, wa seng Meeschtesch net doheem war. Esou kann d'Cara déi kuerz Zäit, déi et mol eleng ass, besser iwwerbrécken. D'Trennungsangscht beim Hond bedeit vill Aarbecht a se deet net nëmmen dem Véierbeener wéi, mee och sengem Mënsch.