Op der Konferenz e Freideg a Panama hunn d'Delegéiert vun de Vertragsstaaten d'Initiativ fir e bessere Schutz vu 54 weideren Hai-Aarten ugeholl.

Zanter dem 14. November haten d'Staaten op der Weltaartekonferenz doriwwer beroden, wéi eng Déieren an d'Aarteschutzofkommes iwwert den internationalen Handel mat menacéierten fräi liewenden Déieren a Planzen opgeholl ginn. Mat der gestëmmter Initiativ ginn elo eng Dosen Grondhai- an Hummerhai-Aarten an der zweeter Annexe vum Ofkommes opgeholl, wat bedeit, datt d'Hai-Aarten zwar net direkt vum Ausstierwe menacéiert sinn, ma potentiell vum Handel bedreet sinn. Den Handel mat den Déieren gëtt deemno nëmmen accordéiert, wann en nohalteg ass.

"Dëst wäert als Dag an d'Geschicht agoen, an deem mir d'Rudder ëmgerappt hunn, fir d'Ausstierwe vun Haien a Rochen op der Welt ze verhënneren", huet e Spriecher vun der Organisatioun "Wildlife Conservation Society" erkläert.

D'Initiativ fir e bessere Schutz vun den Haie war ee vun den ëmstriddensten Theemen um Sommet. Virun allem Japan an de Peru hate probéiert, d'Unzuel vun den ze schützenden Aarten ze reduzéieren. Fir d'Delegéiert Shirley Binder aus dem Panama, ee vun de Länner, dat sech fir d'Initiativ staark gemaach hat, sot, "d'historesch Decisioun" bedeit, datt 90 Prozent vun den Haien um Marché geschützt géinge ginn.

Haifleesch a besonnesch Haifloss-Zopp gëlle virun allem an ostasiatesche Länner als Delikatess. Dacks ginn d'Déieren, nodeems hinnen d'Flosse ofgeschnidde goufen, nees an d'Mier geheit, wou si e luesen Doud stierwen. Fir ee Kilo Haiflossen ginn ëmgerechent ronn dausend Euro bezuelt, de Maart fir den Handel mat hinne gëtt op 500 Milliounen Euro pro Joer geschat.

De Washingtoner Aarteschutzofkommes Cites gouf 1973 gegrënnt a reegelt den internationalen Handel mat wëllen Déieren a Planzen. Op reegelméissege Konferenzen, wéi elo a Panama, ginn d'Lëschte vun den Aarten ugepasst. Den Ament ëmfaasst d'Ofkommes iwwer 5.800 Déieren- a Planzenaarten.