D'Wëllef breede sech bei eisen däitschen Noperen ëmmer weider aus.

Am Ënnersichungszäitraum 2010/21 goufe bundeswäit 161 Wollefsruddele confirméiert an domat dräi Mol méi wéi ee Joer virdrun. Dat huet d'Bundesamt fir Naturschutz (BfN) zu Bonn e Méindeg bekannt ginn. Donieft goufen 43 méi Wollefskoppelen nogewisen, wéi viru 35 Joer. D'Zuel vun Eenzelwëllef bleift mat 21 quasi konstant.

Weiderhi lieft de Groussdeel vun de Wëllef an engem breeden Deel zu Sachsen an nordwestlecher Richtung iwwer Brandenburg, Sachsen-Anhalt a Mecklenburg-Vorpommern, no Niedersachsen. Weider Wollefsterritoirë goufen nach a Baden-Württemberg, Bayern, Hessen, Nordrhein-Westfalen, Schleswig-Holstein an Thüringen nogewisen.

Am Ganze goufen an de Wollefsterritoiren 1.175 Déiere sécher confirméiert. Déi tatsächlech Gesamtzuel kann awer ofwäichen, well net d'Eenzeldéiere primär erfaasst ginn an d'Gréisste vun de Ruddele staark variéieren.

Déi meescht Wollefsruddele hunn am Beobachtungszäitraum tëscht Mee 2021 an Abrëll 2022 a Brandenburg (47) gelieft, hannendru kënnt (34) a Sachsen (31). D'Period deckt sech mat engem biologesche Wollefsjoer vun der Gebuert u bis zum Enn vum éischte Liewensjoer.
Am Ganze goufen 148 Wëllef am Ënnersichungszäitraum dout entdeckt, dovun 102 duerch Autosaccidenter. Bei 18 Wëllef war d'Doudesursaach aus natierleche Grënn, 13 Wëllef goufen illegal ëmbruecht. Bei aacht Wëllef war d'Doudesursaach onkloer an zwee Wëllef goufe geziilt dout gemaach. A fënnef Fäll gouf eng Ënnersichung vun der Doudesursaach ugefrot.

D'BfN verëffentlecht all Joer e Bericht iwwert d'Wollefsvirkommen an Däitschland, deen op den Zuele vun den zoustännegen Autoritéite vun de Bundeslänner berout. Dofir goufen iwwer 30.000 Hin- an Noweiser ausgewäert.

De Wollef, deen an Däitschland ausgerott gouf, breet sech zanter Enn den 90er Joren nees aus, wat zu Konflikter virun allem mat Notzdéierhaltere féiert. Dat streng geschützten Déier dierf just an Ausnamefäll mat Accord vun der zoustänneger Autoritéit gejot an agefaange ginn. Zanter laangem gëtt et dowéinst e politesche Sträit iwwert d'Fro, ob de Schutz vu Raubdéieren ofgeschwächt an d'Juegd op si erliichtert soll ginn.