Wéi den Onlinehändler matgedeelt huet, dierfen an Zukunft keng Reptilie wéi Schlaangen, Deckelsmouken oder Echsen méi iwwer hir Annoncë vermëttelt ginn.

Ma net just dat, Sichufroen an der Kategorie "Hausdéieren" wieren an Zukunft och verbueden.

Wien op der Ebay-Plattform Hënn a Kazen ënner 12 Méint vermëttele wëll, brauch dofir an Zukunft eng Erlabnis vun den zoustännegen Autoritéiten nom Déiereschutzgesetz. Dës Erlabnis muss de User och am Virfeld noweise kënnen, ier eng Annonce gestallt gëtt.

Eng weider Ännerung soll et bei den Annoncë mat der Präis-Kategorie "ze verschenken" ginn. Dëst wier scho méi laang verbueden, gouf awer elo réischt technesch ëmgesat. Déieren dierfen och weder getosch, nach verlount ginn. D'Kategorie "Reptilien" ass ganz ewech geholl ginn, fir den illegalen Handel mat geschützten Aarten ze verhënneren.