Nodeems um Fernseetuerm zu Münster dräi vergëft Wanderfalleken entdeckt goufen, huet d'Police Ermëttlungen opgeholl. D'Déiere stinn ënner strengem Schutz.

Wéi d'Police en Dënschdeg matgedeelt huet, soll op d'mannst eent vun den Déieren un engem an der EU zanter 2008 verbuedenen Insekte-Vernichtungsmëttel gestuerwe sinn.

D'Wanderffalleken, och Spuervulle genannt, goufe schonn am Juli um Tuerm entdeckt a gebuergen, de Fall gouf der Police allerdéngs réischt lescht Woch gemellt.

D'Beamten hunn Ermëttlunge wéinst Verstéiss géint d'Bundesnaturschutz-, Déiereschutz- a Chemikaliegesetz ageleet.