De Jonathan huet 2 Weltkricher matgemaach, esou al ass hie schonn. Dem Guinness-Buch no ass hien déi eelsten Deckelsmouk weltwäit.

Op der Insel St.Helena am Atlantik ass dëse Weekend e ganz besonnesche ronne Gebuertsdag. D'Risen-Deckelsmouk Jonathan gëtt 190 Joer al. Domadder ass de Jonathan dat weltwäit eelsten Déier, dat u Land lieft an als Worzeeche vun der Insel St. Helena gëtt dëse Gebuertsdag dann och vum 2. bis den 4. Dezember gefeiert.

Wëssenschaftler hunn unhand vu Miessunge vum Jonathan sengem Panzer ausgerechent, dass hien ëm d'Joer 1832 aus sengem Ee gekroch ass. 50 Joer méi spéit gouf hie vun de Seychellen, wou hie gebuer gouf, op St.Helena bruecht. Zanterdeem lieft hien do am Gaart vun der Residenz vum Gouverneur.

Fir säi Gebuertsdag soll den Jonathan dann och eng Taart kréien, déi aus sengem Liblingsiesse gemaach ass. Wéi et vu senge Fleeger heescht, géif hie besonnesch gär Wuerzelen, Zalot, Courgetten, Äppel a Bieren iessen.

Trotz sengem héijen Alter soll den Jonathan eng Virléift fir eng weiblech Deckelsmouk mam Numm Emma entwéckelt hunn. Wéi déi fréier Gouverneurin vu St.Helena 2017 sot, géif hie reegelméisseg grunzen, wann hien d'Emma géif gesinn.