Et ginn ënnerschiddlech Aussoen iwwert d'Unzuel u Kadaveren, ma "iwwer 300" sollen et sécher sinn - en traurege Bilan fir d'menacéiert Robben-Aart.

An der russescher Deelrepublik Dagestan um Kaspesche Mier goufen Honnerten doudeg Kaspesch Séihënn entdeckt. D'Robben-Aart, déi bis zu annerhallwem Meter laang kënne ginn, stinn op der rouder Lëscht vun de vum Ausstierwe bedreeten Déieren.

Eng Fëscher-Agence huet e Samschdeg eng 650 bis 700 doudeg Séihënn gemellt. Den Ëmweltministère vun Dagestan huet vun "méi wéi 300" Déiere geschwat an huet "natierlech Ëmweltfacteueren" fir den Doud responsabel gemaach. Elo sollen Tester, wéi zum Beispill op de Coronavirus, déi genee Ursaach ermëttelen. De Ministère behaapt iwwerdeems, datt d'Zuelen net "kritesch" wieren, well et bis zu 300.000 vun de Robbe géing ginn.

De Chef vun der Organisatioun "Kaspeschen Ëmweltzenter", de Saur Gapisow, huet e Sonndeg allerdéngs vun 1.700 doudege Séihënn geschwat an d'Zuel wier "warscheinlech vill méi héich". D'Déiere wiere wuel viru ronn zwou Wochen ëmkomm a mam Stuerm ugeschwemmt ginn. Wéi grouss d'Kaspesch-Robbe-Populatioun wierklech ass, weess kee genee, well se net iwwerwaacht gëtt. Ma dem Saur Gapisow no wier d'Populatioun net méi grouss ewéi 70.000 Séihënn.

Eréischt Uganks November waren a Kasachstan 131 Kaspesch Robben dout u Land ugespullt ginn. Och hei huet ee fir d'éischt missten Autopsien an de Wee leeden, fir d'Doudesursaach erauszefannen.