Fuerscher schwätze vun enger vun den "spannendsten Entdeckungen": Virun der Westküst vun Australien gouf e bis ewell onbekannte klengen Hai fonnt.

D'Déier ass de Fuerscher no wuel e gesträiften "Har-Hai", dee vun der Wëssenschaft nach net beschriwwe gouf, wéi d'australesch Wëssenschaftsagence CSIRO e Mëttwoch matdeelt. Den 23. November hätt d'Fuerscher-Schëff "Investigator" d'Déier am Gascoyne Marine Park gesinn an u Bord geholl.

Fir den CSIRO-Hai-Expert Will White ass et "eng vun de spannendsten Entdeckungen" vun der ganzer Fuerschungsrees. Den opfällege klengen "Har-Hai" wier eenzegaarteg an Australien an d'Aart nach net beschriwwen a benannt. Den Exemplaire "wäert fir d'Wëssenschaft onbeschreiflech wichteg sinn", huet de Will White betount. D'Fësch, déi zu der Famill vun de "Stéierkapp-Haien" gehéieren, sinn eigentlech a flaache Gewässer ze fannen. Déi nei Aart lieft allerdéngs a méi wéi 150 Meter Déift, "a mir wëssen näischt iwwert hiert Verhalen", huet den Expert erkläert.

D'"Har-Haien", wéi se bis elo bekannt sinn, gi maximal 120 Zentimeter laang, verbréngen de gréissten Deel vun hirem Dag getarnt tëscht Fielsen an Algen um Mieresbuedem a kommen nuets eraus, fir ze friessen. "Australien huet eng wierklech riseg Mieresregioun, déi mat déi gréisst Aartevilfalt vum Planéit huet", "mä mir wëssen ëmmer nach wéineg doriwwer, wat ënnert de Welle lieft", huet de Will White betount.