Zwee Exemplaire vun der Tropidophis cacuangoae goufen am Naturschutzgebitt Colonso Chalupas an am private Park Sumak Kawasay entdeckt.

Et handelt sech heibäi ëm eng nei Zwergboa-Aart am ecuadorianeschen Amazonas-Reebësch. Déi bis zu 20 Zentimeter laang Schlaang, déi vun der Faarf a vum Muster enger Boa constrictor änelt, gouf no enger Aktivistin fir d'Rechter vun den Urawunner aus dem fréien 20. Joerhonnert Dolores Cacuango benannt, sou den ecuadorianeschen Ëmweltministère.

Zwee Exemplairë vun der Tropidophis cacuangoae goufen am Naturschutzgebitt Colonso Chalupas an am private Park Sumak Kawasay fonnt. D'Zwergboae wieren "e Relikt" aus der Urzäit, sou de Mario Yanez vum Nationalen Institut fir Biodiversitéit zu Quito. D'Déiere wieren esou al, dass et e Privileeg wier, se entdeckt ze hunn.

En ongewéinlecht Mierkmol vun den nei entdeckten Aarten ass hiert "rudimentäert Becken", wéi et fir Ur-Schlaange charakteristesch ass. E puer Fuerscher gesinn doran den Noweis fir hir Thees, dass Schlaange vun Eidechsen ofstamen an iwwer Millioune Joren hir Extremitéite verluer hunn.

D'Entdeckung vum Fuerscherteam gouf Enn Dezember an der Fachzäitschrëft "European Journal of Taxonomy" verëffentlecht. Dem Ëmweltministère no gëtt et elo 6 Zwergboa-Aarten, déi just a Südamerika virkommen.