Vun den 1.500 Fësch, déi am Aquarium am Berliner Hotel waren, konnten 200 Stéck gerett ginn. Dës ginn elo am Zoo zu Berlin gefleegt an opgepäppelt.

E bësse méi wéi dräi Wochen, nodeems zu Berlin an engem Hotel e Glaszylinder mat 1.000 Tonne Waasser an enger 1.500 Fësch geplatzt ass, erhuele sech déi gerett Fësch am Zoo an der Haaptstad. Wéi et vun enger Spriecherin aus dem Zoo heescht, wieren néng vun den 200 gerett Fësch gestuerwen - 7 dovu si schonn dout ukomm oder sinn un de Suitte vun hire Blessure gestuerwen. "All déi aner hu sech gutt erholl", huet d'Porte-parole betount. Wéi laang d'Déieren - dorënner "Bontpijen", "Dokterfësch" a "Flantermausfësch" - nach am Zoo gefleegt ginn, stéing nach net fest.

De Gros vun den 1.500 Fësch, déi am risegen Aquarium gelieft hunn, konnten nom Accident net méi gerett ginn. Eng 630 Fësch, déi am Keller vum Hotel ënnerbruecht waren an do geziicht goufen, konnten allerdéngs am Zoo, am Sealife zu Berlin a bei speziellen Ziichter ënnerbruecht ginn.

D'Ursaach fir d'Platze vum Aquarium ass bis haut nach net gewosst a gëtt weider analyséiert.