Ass de Mantel fir den Hond e moudeschen Accessoire oder kann ee säi véierbeenege Begleeder domadder och gutt géint d'Keelt schützen?

Wéini brauch de Mupp e Wantermantel?

U sech sinn Hënn jo vun Natur aus gutt géint d'Keelt geschützt. Déi meescht hunn en décke Pelz a vill Ënnerwoll, an dat hält si waarm. Wa sollt d'Temperatur awer op ënner 10 Grad falen, ass et bei verschiddene Fellnuese sënnvoll, fir op e Mantel zeréckzegräifen, erkläert d'Déierendoktesch Micheline Boone. Dovu betraff sinn de Grupp Muppen, déi e ganz kuerze Pelz a keng Ënnerwoll hunn, wéi de Yorkshire, Chihuahua oder Jack Russell respektiv och méi grouss Muppe wéi den Dobermann oder d'Doggen.

Ma och bei Welpe kann ee gären emol op e Mantel zeréckgräifen, well hire Babypelz nach net esou richteg entwéckelt ass an si och a ville Fäll nach keng Ënnerwoll hunn. Eng weider Grupp vu Muppen, déi e Mantel kënne gebrauchen, sinn al oder krank Déieren, deenen hiren u sech décke Pelz net méi esou géint d'Keelt schützt, wéi dat emol war.

Bei der Wiel vun de "Kleeder" gëllt et dann och opzepassen. Well Villes gesäit zwar flott aus, ass awer net funktionell respektiv gëtt dem Véierbeener net déi Beweegungsfräiheet, déi hie gären hätt. Och beim Material ginn et verschidde Qualitéiten, géint d'Keelt géif d'Déierendoktesch eng Kombinatioun aus Fleece, Polyester an Nylon proposéieren.

Den Hond selwer weist eis ganz dacks, wann et him ze kal ass. Esou ziddert d'Déier, wann ee mat ëm ënnerwee ass, oder de Mupp weigert sech carrement, fir op e klengen Trëppeltour ze goen respektiv mécht séier säi Geschäft a gëtt engem ze verstoen, datt et elo Zäit ass, fir nees an d'Waarmt ze goen.