An engem ofgeleeënem Duerf am Weste vum US-Bundesstaat Alaska hat en Äisbier fir d'éischt Mënsche gejot, éier en eng Fra an en Teenager ëmbruecht huet.

Wéi déi lokal Police mellt, ass den Äisbier de Mënschen zu Wales am US-Bundesstaat Alaska nogelaf, éier en eng Fra an e Jugendlechen déidlech blesséiert huet. En Awunner hätt d'Déier schlussendlech erschoss.

Bis ewell sinn net méi Detailer vum Virfall gewosst, "soubal d'Wiederkonditiounen et zouloossen", wäerte Vertrieder vun der Police an den Autoritéite an d'Gebitt un der Westküst reesen.

Attacke vun Äisbiere wieren allerdéngs relativ rar, wéi d'Zeitung "Anchorage Daily News" schreift. Zu Point Lay, eng 500 Kilometer vu Wales ewech, ass 1990 ee Mann bei enger Äisbier-Attack ëm d'Liewe komm an 1993 gouf e 55 Joer ale Mann schwéier blesséiert, wéi en Äisbier duerch eng Fënster an eng Airforce-Radarstatioun agebrach war.