Fir de Projet "Walrus from Space" gëtt iwwer fënnef Joer déi komplett Walrosspopulatioun am Atlantik a vun de Laptew-Walrosse mat Satellittebiller gezielt.

Organiséiert gëtt d'Zielung vum WWF an dem "British Arctic Survey", fir d'Auswierkunge vun der Klimakris op bestëmmt Walross-Populatioune besser ze verstoen. Eng ganz Partie Wëssenschaftler aus der Arktis schaffen dofir zesummen, sinn awer op d'Hëllef vu sougenannten "Walross-Detektiven" ugewisen, well d'Quantitéit u Satellittebiller "enorm" ass.

Mat der Hëllef vun der Ëffentlechkeet konnten dem WWF no zanter leschtem Hierscht schonn Dausende Satellittebiller analyséiert ginn. Op där Basis fänkt elo déi nächst Phas vum Projet un, an där déi eenzel Déieren a Walrossgruppe markéiert a gezielt ginn. "D'Arktis ass eng riseg an ofgeleeë Regioun, déi et Wëssenschaftler:inne schwéier mécht, do ze schaffen. Mir bieden d'Mënschen, sech ze mellen, fir eis bei der Sich an Zielung vu Walrossen ze hëllefen. Dir musst net bis un d'Enn vun der Welt reesen, mä kënnt dat bequeem vun doheem aus maachen", huet d'Eva Kleber, Arktis-Expertin vum däitsche WWF, erkläert.

D'Ziele vun der Walross-Populatioun ass wichteg, well "d'Walrossen eng Schlëssel-Aart fir de Mieres-Ekosystem vun der Arktis sinn. Si si schonn direkt mat der Klimakris konfrontéiert, hir Zukunft ass menacéiert. Mat der Hëllef vun de Satellittebiller kann een analyséieren, wéi sech dat séiert Schmëlze vum Mier-Äis an aneren Ëmweltverännerungen iwwer d'Joren op d'Populatioune vun de Walrossen auswierken", heescht et vum WWF.

Fir bei der Zielung matzemaachen, kann ee sech um Site vum WWF registréieren.