Den Andrea Baratte huet eng Passioun fir wëll Déieren, an huet dës zu sengem Beruff gemaach.

Net nëmme Bieren a Wëllef krut hie virun d'Lëns, och d'Natur am grousse Ganze wieren eng Inspiratioun fir de Lëtzebuerger.

Den Andrea Baratte ass 2016 op d'Universitéit Montana gaangen, dat iwwert ee Stipendium. De fréiere Liichtathlet hat sech zu Lëtzebuerg een Numm als Mëttelstrecke-Leefer gemaach.
Nom Biologiestudium mam Schwéierpunkt wëll Déieren, ass hie net méi zréck an de Grand-Duché komm. Zu Bozeman huet en eng nei Heemescht fonnt a wunnt haut mat Fra a Kand am Norde vun de States.

RTL

© Google Maps

Well d'Landschaft am Montana esou oppe wier, kéint een d'Déieren Deels scho vu wäitem gesinn. Fir Wëllef oder och Bieren esou no ze kommen, wier verbonne mat vill Gedold an Erfarung.

Den Andrea Baratte:"Ech si wierklech bal all Dag dobaussen, a mat der Zäit léiert een déi verschidde Ruddele kennen an et weess een, wéi se sech beweegen a wou se ongeféier sinn."