Wann e Schof gerass gouf, steet hie ganz uewen op der Lëscht vun de Verdächtegen: De Wollef.

Grad well en sech an Europa déi lescht Joren nees méi verbreet huet an et rezent zu engem Fall komm ass, wou e Schof gefriess gouf, ass e Wollef net auszeschléissen.

An esou Situatioune sollen sech betraffe Leit un d'Naturverwaltung wenden. 2017 ass de Aktiouns- a Managementsplang fir den Ëmgang mam Wollef ausgeschafft ginn. Ënnert den Auteure ware Vertrieder aus alle Beräicher. Do ass festgehale wéi an deene verschiddene Situatioune reagéiert gëtt, wann et zu Tëschefäll mat Wëllef kënnt. Ënner anerem gëtt et och eng E-Mail Adress bei deenen alles ka gemellt ginn, dat mam Wollef kéint a Verbindung bruecht ginn.

De Wollef ernäert sech zwar gréisstendeels vu Wëld, trotzdeem kënnt et ëmmer nees fir, dass en sech och bei Baueren oder Schéifer zerwéiert. An der Vergaangenheet war et awer och heefeg esou, dass ee Wollef verdächtegt ginn ass an et awer um Enn en Haushond war, dee Juegd op Notz-oder Hausdéiere gemaach huet. Zu Lëtzebuerg ass et déi lescht Joren zu véier confirméierte Fäll komm, bei deenen dann och wierklech e Wollef konnt nogewise ginn.

Et wär awer duerchaus méiglech, dass de Wollef och hei um Terrain méi dacks en Thema gëtt. Aktuell ginn et zwou Koppelen an der Belsch am Naturschutzgebitt Hohes Venn. Déi lëtzebuergesch Bëscher sinn net ideal fir Wëllef, wëll vill Aktivitéit ass an och vill Stroossen d'Natur ënnerbriechen. Trotzdeem wär och eng fest Installatioun net auszeschléissen. De Wollef kann sech ganz gutt upassen.