En éischter pelzege Fotomodel ass an engem Wëldpark am US-Bundesstaat Colorado ganzer 400 Mol an eng Foto-Fal geroden an huet eng ganz Selfie-Serie gemaach

De virwëlzege Schwaarzbier hat eng vun den néng Kameraen entdeckt, déi d'Parkverwaltung fir d'Iwwerwaachung vum Areal opgestallt hat. 400 Mol huet de Bier doropshin d'Kamera ausgeléist a sech vun alle Säite gewisen - mol am Profil, mol mat engem lackelege Bléck an d'Kamera oder ganz vun der Säit.

Well Schwaarzbieren éischter Eenzelgänger sinn a gewéinlech méi verstoppt liewen, géing et keng genee Informatiounen doriwwer ginn, wéi vill Schwaarzbieren am US-Bundesstaat Colorado liewen, wéi d'Verwaltung vum Wëldpark matdeelt. Dowéinst géingen d'Kameraen eigentlech dozou déngen, méi Informatiounen iwwert d'Déieren an der Regioun ze sammelen a si besser schützen ze kënnen.

Déi lokal Autoritéit "City of Boulder Open Space & Mountain Parks" huet d'Fotoen zwar eréischt virun e puer Deeg publizéiert, ma d'Selfie-Serie vum pelzege Model wier awer scho virun e puer Méint gemaach ginn, wéi d'Parkverwaltung matdeelt. Am Moment halen d'Bieren am Colorado nach Wanterschlof.