Dem Mënsch säin treiste Frënd ass a bleift de Véierbeener. Dass et fir deen déi geckegst Verwinn-Méiglechkeete ginn, weist de Reportage vum P.Dondelinger.
Huele mer un, et schaaft ee sech en Hond un, da wëllt ee jo och nëmmen dat Bescht fir hien. Mee wat kann ech mengem Hond bidden, wat fir Méiglechkeeten hunn ech hei zu Lëtzebuerg, fir mengem Mupp eng Freed ze maachen? En an de Restaurant invitéieren, an de Wellness oder bei de Bäcker? Mir sinn net wäit dovunner.
Tatsächlech gëtt et en Honds-Café zu Lëtzebuerg, an domadder net genuch. Hei fënnt een natierlech och e Menu, dee speziell fir Hënn ass. Niewent ville gesonde Leckerlien, och Honds-Béier an zwee verschidden Goûten, natierlech ouni Alkohol. D'Leckerlien, déi een hei fir säin treiste Frënd kritt, si gesond a kommen aus der "Patisserie pour Chiens" vun Diddeleng.
Mir hunn d'Produzentin vun de Kichelcher zu Diddeleng besicht an hunn net schlecht gestaunt, wat et net alles fir Hënn gëtt.
Do donieft hu mer eis awer och fir dem Mupp seng Gesondheet interesséiert. Ob elo Wellness-Massage, Kinesitherapie, Hydro Therapie oder soss eppes ass, et gëtt bal alles fir eise Véierbeener, wat et och fir de Mënsch gëtt.