
© Dallas Zoo/AFP
Nodeems e Geier aus ongekläert Grënn gestuerwen ass, sinn elo 2 sougenannten "Kaiserschnurrbarttamarinen" aus dem Zoo am texaneschen Dallas geklaut ginn.
D'Serie vu mysteriéise Virfäll am Zoo vun Dallas räisst net of. Wéi den Zoo op Twitter matgedeelt huet, hätten zwee Mataarbechter e Méindeg de Moie bemierkt, dass déi zwee Afe feelen. Eng Sichaktioun um Terrain vum Zoo war ouni Succès.
D'Police huet erkläert, datt den Auslaf vun de "Kaiserschnurrbarttamarinen" wéi et schéngt express duerch e "Schnatt" opgemaach gouf. "Zwee Afe feelen an et kann een dovun ausgoen, dass d'Déiere muttwëlleg aus hirem Auslaf geholl goufen".
Dës Primaten-Aart ass an der südwestlecher Amazonas-Regioun heemesch. Hiren Numm staamt vun hirem charakteristesche Schnurres, deen deem vum däitsche Keeser Wilhelm II. gläicht.
Am Zoo vun Dallas ass et an de leschte Wochen zu enger Rei komescher Virfäll komm. Den 13. Januar huet den Zoo missen zoumaachen, well e Panther - e sougenannten Niwwelparder - duerch e Lach am Drot vu sengem Auslaf fräikomme konnt. D'Grousskaz gouf um Terrain vum Zoo erëmfonnt.
Gutt eng Woch méi spéit ass dunn e Geier gestuerwen. Wéi et schéngt, en net natierlechen Doud. Den neisten Informatioune vum Zoo no hat de 35 Joer ale Geier Pin eng Wonn. Den Déierepark huet eng Belounung vun 10.000 Dollar ausgesat, fir all Hiweis, deen de Virfall kläre kéint. De Gräifvull gehéiert zu enger menacéierter Aart.