Wëssenschaftler wëllen elo erausfonnt hunn, wisou de Geschlechtsverkéier fir männlech Beidelmarderen en Doudesurteel ass.

Déi butzeg kleng Beideldéieren aus dem Norde vun Australien sinn déi weltwäit gréissten, sougenannte semelpar* Mamendéieren. Dat heescht, d'Männercher planze sech just eng eenzeg Kéier an hirem Liewe weider a stierwen dann. Enger Etüd no, déi e Mëttwoch an der Fachzäitschrëft "Royal Society Open Science" verëffentlecht gouf, geet ervir, dass den onermiddleche Paarungsdrang dru Schold kéint sinn.

Der Etüd no fannen déi männlech Beideldéiere wéinst hirem aktive Sexualliewen einfach keng Rou, bis si sou iwwermidd sinn an duerch Erschëpfung stierwen. Wärend der Paarungszäit schénge si "net emol usazweis esou vill ze schlofen, wéi si sollten", sou den Haaptauteur vun der Etüd Joshua Gaschk vun der University of the Sunshine Coast.

An der Hoffnung, Liicht an de rätselhaften Doud vun de Beideldéier-Männercher no hirem éischten erfollegräiche Sex ze bréngen, haten d'Fuerscher siwe männlech a sechs weiblech Zwergbeidelmarderen op der Insel Groote Eylandt mat Mini-Rucksäck mat Peilsendere versinn.

Déi iwwer en Zäitraum vun 42 Deeg gesammelt Date weisen, dass d'Männercher wärend der Paarungszäit däitlech méi aktiv ware wéi d'Weibercher, déi ëmmerhin bis zu 4 Mol Klenger kënne kréien. Iwwerdeems d'Weibercher quasi e Véierel vun hirer Zäit - 24 Prozent - mat Raschte verbréngen, waren et bei de Männercher grad emol siwe Prozent.

Änlech Déieren, wéi d'Breetfouss-Beidelmaus, sinn och semelpar. Fuerschungen hunn erginn, dass d'Männercher un hiren ënnerleche Bluddungen an Infektiounen duerch de Stress wärend der Paarungszäit stierwen. Dat ass awer bei de Beidelmarderen net de Fall.

Dat massiivt Stierwen all Joer kéint lo sou lues awer d'Iwwerliewe vum Déier menacéieren. Seng Populatioun ass esou schonn duerch invasiv Aarte wéi d'Aga-Deckelsmouk a Gefor. Gläichzäiteg gëtt an der Etüd awer nach ervirgestrach, dass dës extrem Paarungsstrategie, och bekannt als Suicide-Fortplanzung bekannt, schonn zanter "dausende vu Joren" besteet. "Se muss en Notzen hunn".

*semelpar [vum laténgesche semel = eemol a parere = gebären; Subst. Semelparitéit], sech am Laf vun Liewen nëmmen eemol sexuell fortplanzen. Kënnt bei villen Insekten a Spanne vir. Dacks kombinéiert mat enger kuerzer Liewensdauer.