De portugisesche Mupp ass 30 Joer al an ass domat dem Guinness Buch vun de Rekorder no deen eelsten Hond op der Welt - a wuel och vun allen Zäiten.

Eréischt ugangs dëst Joer hat den Chihuahua-Mischling Spike de Rekord vum eelste Mupp gebrach. Ma mat 23 Joer ass de Spike dann awer däitlech méi jonk wéi den neie Rekordhalter, dee vum Guinness Buch vun de Rekorder presentéiert gouf.

De rengrassegen "Rafeiro do Alentejo" ass den 11. Mee 1992 gebuer an domat schonn 30 Joer al. An dat obwuel d'Liewenserwaardung vun där Rass meeschtens net iwwer 14 Joer erausgeet. Säi stolzen Alter gouf esouguer offiziell vun de portugiseschen Autoritéite confirméiert. A Portugal mussen nämlech all Hënn per Mikrochip an der Datebank SIAC registréiert ginn.

Ma de Bobi ass awer net just deen eelsten Hond op der Welt, deen nach lieft, mä wuel och den eelsten Hond vun allen Zäiten. Virun him hat sech eng Australian-Cattle-Dog-Damm mat 29 Joer a 5 Méint de Rekord verdéngt.

Wéi de Raphaël Ferber vun RTL 5minutes erausfonnt huet, gouf de Bobi ugangs heemlech vum deemools 8 Joer ale Leonel bei der Famill Costa zu Conqueiros a Portugal opgeholl. Gebuer war de Mupp zesumme mat 3 Geschwëster an engem Schapp, an deem d'Famill Holz stockéiert huet. Wéi et heescht, sollen de Bobi deen eenzegen Iwwerliewende sinn. D'Famill hat deemools schonn eng Partie Hënn an "et war normal fir eeler Mënschen, déi keng Déiere méi am Haus konnten hunn [...], déi grad gebuere Welpen an engem Lach ze vergruewen, fir datt se net iwwerliewen", huet den 38 Joer ale Leonel erkläert, deen de Bobi méi spéit dach nach fonnt huet. D'Bouwe vun der Famill waren immens traureg iwwert "d'Verschwanne" vun de Muppen, ma enges Dags hu si de Bobi dunn awer am Schapp erëm fonnt. D'Entdeckung sollt awer virop emol geheim bleiwen, bis de Bobi d'Aen opmécht, well "mir woussten, datt eis Elteren hien net méi begruewe konnten, esoubal hie se opmécht".

Den "immens gesellege" Mupp gesäit haut e bësse méi schlecht, rascht e bësse méi wéi virdrun a lungert mat de Kazen am Gaart ronderëm. Dem Raphaël Ferber no kéint d'Geheimnis vu sengem héijen Alter a senger Ernärung leien. De Bobi kritt dat selwecht Iesse wéi seng Meeschteren an e Minimum un Dréchefudder.